Naturwëssenschaftsolympiad 2019

Bei der 12. Editioun vun der Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad hunn d'Schüler aus dem Kolléisch erëm ganz gutt ofgeschnidden. Bei iwwer 1800 Participanten hunn de Felix Mertens Goedert, de Laurent Bommerts an de Jacques Hoffmann et an d'Final vun deene 24 Beschte gepackt. Dobäi huet dem Felix an dem Laurent hir Ekipp déi 2. Platz an dem Jacques seng déi 3. Platz gemaach. Domat hunn si all eng exzellent Placéirung erreecht an de Felix an de Laurent representéiere lo mat hirer Ekipp an zesumme mat 4 anere Schüler Lëtzebuerg op der europäescher Naturwëssenschaftsolympiad vum 4. bis den 11. Mee zu Almada am Portugal.

Eis Felicitatiounen!

Kuckt och den offiziellen Communiqué.