Warning: count(): Parameter must be an array or an object that implements Countable in C:\inetpub\wwwroot\al.lu\libraries\cms\application\cms.php on line 464
Europadag2018

Europa-Dag am Kolléisch

De Robert Schuman, a Clausen gebuer, fréieren Schüler vum Kolléisch, franséischen Ausseminister, huet den 9. Mee 1950 eng Europäesch Gemeinschaft vu Kuelen a Stol proposéiert. 6 Grënnerstaaten Frankräich, Däitschland, Italien, Belgien, Holland a Lëtzebuerg hunn direkt matgemaach. D’Gebuertsstonn vun der Europäescher Unioun hu mer den 9. Mee gefeiert!

De Kolléisch als EPAS Schoul (European Parliament Ambassodor School) hat fir dës Geleeënheet en Dësch mat Informatiounsmaterial, Bic'en a Broschüren, eng Powerpoint Presentatioun, déi en continue gelaf ass, an e Quiz iwwer Europa un deem bal 100 Schüler mat gemaach hunn.

All déi Schüler, déi interesséiert sinn, Junior Ambassador d’nächst Schouljoer ze ginn, kennen sech bei den Senior Ambassador Nancy Janssen, Mona Guirsch oder Jean-Marie Majerus mellen.

Fotoalbum