Warning: count(): Parameter must be an array or an object that implements Countable in C:\inetpub\wwwroot\al.lu\libraries\cms\application\cms.php on line 464
Optioun Yearbook

yb pres

Léif Primanerinnen a Primaner,

Elo ass et esou wäit. Eis Lycéeszäit ass no 7 (méi oder manner laangen) Joren endlech eriwwer. Mir hunn et gepackt. Op dësem Punkt wëlle mir Iech all direkt emol gratuléiere fir är Première an all deene vill Gléck wënschen an d’Daumen drécken, déi et nach net grad hannert sech hunn.

Mir hunn all vill erlieft an deene leschte Joren, vill Guddes a wahrscheinlech och e puer net esou gutt Saachen. Trotz allem kënne mir awer all op eng schéi Lycéeszäit zeréck blécken. Mir hu vill geléiert, mee och ganz oft einfach just déi gemeinsam Zäit mat eise Kolleege genoss, virun allem an dësem leschte Joer. Och wa mer et elo nach net mengen, iergendwann wäerte mer déi laang Deeg an dëser Schoul mat deene villen Trapen, déi mir all Dag iwwerwonnen hunn, bestëmmt vermëssen. Bis dohin ass eis Freed hei endlech eraus ze kommen natierlech méi wéi berechtegt.

Nom Ofschloss vum Lycée, fänkt elo en neien Abschnitt an eisem Liewen un. Sécherlech hu mir all vill nëtzlecht Wësse während eiser Zäit am Lycée accumuléiert a wäerten och weider hin den Esprit vum Athénée verbreeden. Ganz nom Motto „ Vivat, Crescat, Floreat“. Mir hoffen, dass d’Zukunft Iech dat erbréngt, wat dir Iech wënscht an dass der vill Erfolleg hutt, mat all deem wat dir Iech virhuelt.

Mir si glécklech, iech d‘Yearbook vum Joer 2017/2018 presentéieren ze kënnen. Hoffentlech kënnt der iech unhand vun dësem Buch nach a ville spéidere Jore bildhaft un är turbulent Lycéeszäit erënneren. Mir hu vill Zäit an Aarbecht investéiert, fir déi vill gutt Erënnerungen aus ärem leschte Joer am Kolléisch fest ze halen.

E grousse Merci geet un eist Yearbook-Team. Während dësem Joer hu 25 Schüler (an 2 Proffen) sech onheemlech vill Zäit a Méi ginn, dëse Projet fir déi 19. Editioun pénktlech ze publizéieren an derbäi dat bescht méiglecht Resultat ze erzielen.

E grousse Merci un den Direkter, den Här Salentiny, deen och erëm dëst Joer dëse Projet sou wonnerbar ënnerstëtzt huet.

A Merci natierlech un iech all, dass dir sou gutt mat gemaach hutt!

Ausserdeem nach e grousse Merci un all eis Sponsoren.

Domat ass eist Geschwafels dann elo um Enn.

Mir wënschen iech nëmmen dat Bescht!

Svenja Beckert a Céline Popov

Presidentinne vum Yearbook

© 2017 Yearbook