Warning: count(): Parameter must be an array or an object that implements Countable in C:\inetpub\wwwroot\al.lu\libraries\cms\application\cms.php on line 464
Premièrescomité

comite presLéif Primaner,

dës Kéier ass et dann u mir Iech fir d’éischt emol zu ärer Première ze gratuléieren! Déi laang erseenten Zäit ass endlech do, wou mer ouni schlecht Gewëssen d’Schoulbicher op d’Säit leeën däerfen an eis et mol sou richteg gutt kënne goe loossen. Et ass awer och un der Zäit Iech dat Üblecht ze zielen, wéi zum Beispill dass d’Septième eis wéi gëschter géif virkënnt, dass d’Zäit esou séier vergeet, dass de Lycée déi schéinsten Zäit am Liewe war, asw. Ech weess, dir hutt Iech eppes méi Revolutionäres gewënscht, ech mer éierlech gesot och, mee do muss ech Iech da leider enttäuschen.

Et ass nun emol dat wat mer all empfannen an et wäert eis och sécherlech keen Iwwel huelen, wa mir eis de Premièrë vun deene leschte Joren uschléissen: D’Lycéeszäit geet op en Enn an obwuel et der ganzer 7 waren, sinn d’Schouljoren awer einfach wéi am Fluch vergaangen. Och wann et am Lycée natierlech haaptsächlech ëm d’Léiere geet, bréngt d’Schoulcarrière virun allem och eng perséinlech Entwécklung mat sech. Mir hunn eis alleguerten an deene 7 Joer zu méi (oder manner) erwuessene Leit entwéckelt, déi sech op déi nächst Jore freeën an deenen se fir d’éischte Kéier op eegene Been an domat och viru ganz neien Erausfuerderunge stoe wäerten.

Mir hunn zesumme vill geléiert an eis duerch heiansdo ganz haart Schouldeeg gekämpft, mee virun allem hu mer vill zesumme gelaacht, Blödsinn gemaach an einfach eng gutt Zäit erlieft. Duerch di sëllech Aktivitéiten, déi de Premièrescomité dëst Joer organiséiert huet, wéi de legendäre Kleeserchersdag (dee puer vun eis haut nach spieren…), d’Fräïbéieren (idem), d’Premièresfest a sou weider, wäert eis dat läscht Schouljoer sécherlech an onvergiesslecher Erënnerung bleiwen. Op dëser Plaz wéilt ech deem ganze Premièrescomité Merci soe fir déi super Zesummenaarbecht déi, och wann se mat genuch Erausfuerderunge verbonne war, eis awer alleguerte vill Spaass gemaach huet.

E grousse Merci geet natierlech och un d’Direktioun, de Service Technique an all d’Proffen déi (an deene meeschte Fäll) d’Gedold mat eis net verluer hunn. Elo bleift mer just nach Iech alleguerte fir är Zukunft ganz vill Gléck ze wënschen, eng gutt Basis hunn mer jo kritt an elo ass et un eis! Mir lafen eis bestëmmt nach eng Kéier iwwert de Wee.

Bis dohin,

Céline Eischen, Presidentin vun Premièrescomité

© 2017 Yearbook