20e anniversaire ReSEAU - UNESCO

Den 3. Mee 2024 hu mir, am Festsall vum Kolléisch, den 20. Anniversaire vun der Adhésioun vum Kolléisch an de réSEAU des Écoles associées de l’UNESCO gefeiert. A Präsenz vum Kulturminister, dem Här Eric Thill, vun der Madame Catherine Decker, Secrétaire générale vun der Commission nationale pour la coopération avec l’UNESCO, an enger Reih anere Memberen vun dëser Commission, vun Direktiounsmemberen an Delegéierten vu villen aneren Schoulen, Professeren aus em Kolléisch an engen 140 Schüler, konnte mir eis an interessante Rieden a Präsentatiounen dervun iwwerzeegen, dass de Kolléisch an de leschte Jorzéngten ganz vill flott, interessant a beraichernd Aktivitéiten organiséiert huet, an dest en accord mat den Objektiver vun der UNESCO.

Musikalesch encadréiert war dat Ganzt vu Schüler aus em Kolléisch, duerch de Programm hunn d’Laura Dombrovschi an de Guillaume Lett gefouert.

D’Ausstellung ‚Au fil des années – UNESCO à l’Athénée’ ass nach ze gesinn am Foyer vum Kolléisch bis den 21. Mee 2024.

Clip rétrospectif des 20 ans

ATH09642 Play