Projet d'établissement

AL-L

Le groupe de pilotage

Myriam Keilen an Christian Gallotti – chefs de projet

Stéphanie Konnen

Aisha Bové

Olivier Gloden

2024-2025: Wat steet dat 2. Joër um Programm?

Live

Wat stoung bis elo am Mëttelpunkt?

1. Froebéi & Journée Pédagogique : Resultater

Charge mentale reduzéieren a besser geréiere

Méi an aner Méiglechkeeten fir ze rouen an ze schaffen

 

2.PSSM YOUTH: Mir hunn dëst Schouljoer am Mäerz den néidege Prozentsaz erreecht mat mindestens 39 Leit, déi en ofgeschlossene Brevet hunn. Bravo!

 

3.(Re)kreativ Aktivitéiten a Momenter an Zesummenaarbecht mam Comité de la Conférence du Lycée an dem Sportdepartement

 

4. Responsabilitéit: méi Synergien mat der ONG Athénée – Action humanitaire ze kreéieren plus weider Formatiounen am Beräich Verantwortung

Wat kënnt dëst Joer?

1. Froebéi & Journée Pédagogique: Piste

    a. Formatiounen

8.10.2024 19-21 Auer an der AULA: Konferenz „Resilienz to go“ vum Sacha Bachim vum IFEN (+ Stand vum Pé); Umellung réicht ab dem 15.9.2024

14.10.2024: Méiglechkeet vun uschléissende Workshops zu Walfer

Ufank 2025 Formatioun „Stress und Burnout – Gesund durch den Sturm kommen“ vun der Ligue (LLHM) (15 Stonnen; 5x3)

    b. Konferenz, Salle de lecture an C115 dierfen mam Accord vun der Direktioun ganz nei an anescht amenagéiert (an dekoréiert) ginn, fir déi eenzel Zonen méi däitlech vuneneen ofzegrenzen.

 

2. PSSM TEEN: Pé, Direktioun, Sepas an SSE hu Kontakt mat der Ligue opgeholl, fir eis ze informéieren, ob de Projet an eiser Schoul maachbar ass. No engem éischten Austausch plange mir weider Concertatiounen mat der CDS an de Comitéen.

 

3. (Re)kreativ Aktivitéiten an aneren Domainer: cf infrastructure

 

4. Mir wëlle weider Formatiounen fannen an ubidden an och d‘I-Klassen an ACCU-Klassen méi am schouleschen Alldag mat abannen.

 

 

Learn

Wat stoung bis elo am Mëttelpunkt?

1. „Sprachsensibler Unterricht“ mat villen verschiddenen Aktivitéiten an Formatiounen fir d’Sensibiliséierung vun der Schoulgemeinschaft

Hei ass d‘Iddi vun der Differenzéierung d‘Resultat vun de ville Concertatiounen a Formatiounen: 7e/6e TIC-Stonnen fir d‘Ëmsetzung notzen, bei den niddrege Klassen ufänken a sech dann no an no „eropschaffen“

 

2. Lies- a Literaturfërderung

Klassebibliothéiken ausbauen a Liesconcours weiderféieren op 7C/7I & 6C/6I

RAMS (Résidence d’Auteur en Milieu Scolaire) mam Ian de Toffoli (finanzéiert vun der Fondation Sommer)

 

3. Methodologie

Virbereedung vun den Differenzéierungs-Coursen op 7e (fr.) an 6e (all.)

Elaboratioun vun de jeeweilege Materialien, Grondsäz an Theemeberäicher

 

Wat kënnt dëst Joer?

1. Ufank vun der Differenzéierung

7e: Franséisch: neie Programm a nei Bicher am Fondamental als Erausfuerderung; Stationenlernen a klenge Gruppen.

6e: Däitsch als Bildungssprooch: Stationenlernen a klenge Gruppen

 

2. Ausbau vun der Lies – Literatur-Fërderung op weidere Klassen

Liesconcours a Klassebibliothéiken (7C/7I & 6C/6I & 5C/5I)

Nei RAMS-Projeten ausschaffen an/oder aner Auteuren invitéieren

Ausschaffe vun enger Literatur-Optioun 3e/2e/1re

 

3. Méthodologie

Erweiderung vun der Zesummenaarbecht mat den Departementer/ Enseignanten aus den „disciplines non linguistiques”:
Ausschaffe vun engem Glossaire op Franséisch fir de 4e-Klassen korrekt Schreiwen an der „langue véhiculaire” ze erméiglechen

12.11.2024: schoulintern Formatioun Mme Sophie Le Dorner Debout
„De la différenciation à l’autonomie, un boost vers l’engagement”

Ausschaffe vun „ateliers sur besoin” am Uschloss un dës Formatioun (op de verschiddene Klassestufen)


2023-2024: Wat stung dat 1. Joër um Programm?

Live

  • Froebéi zum Theema Bien-être (1 fir d’Schüler, 1 fir d’Enseignanten)
  • Ausschaffe vu konkreete Pisten opgrond vun de Resultater (Journée pédagogique)
  • Ausbildung vu weideren „Ersthelfer für pschychische Gesundheit“ (PSSM YOUTH)
  • Preparatioun vun der nämmlechter Ausbildung fir Schüler vun der 4C (PSSM TEEN)
  • Rekreativ „cours facultatifs“ ubidden a konzipéieren
  • Erweidert Abanne vun der ONG – A-AH am schouleschen Alldag
  • Formatiounen vu “subVision” zu Theemen ewéi Nohaltegkeet an Gender

Learn

  • Erweiderung vum Lies-Concours a vun de Klassebibliothéiken (7C & 6C)
  • Erfaasse vun den aktuell genotzte Léiermethoden ab der 7C
  • Formatiounen fir d’ Enseignanten iwwer “Bildungssprache”, Léiermethoden an erfuerderlechen Sprooch-Niveauen bei de Schüler
  • Formatiounen zum Thema Méisproochegkeet
  • Erstellung vun didakteschem Material, wat de Schüler konkreet Hëllefstellunge bitt
  • Geziilt Atelieren fir Schüler aus dem cycle inférieur fir verbessert schrëftlecht Ausdrécken
  • Aktivitéiten am Kader vun der “Journée du livre et des droits d’auteur”
  • ...

ccpe